Fabric heaven in Luxembourg

Stoff

Modestoffer fir Dammebekleedung, Kannerkleeder a Poschen

Stoff fir Kleeder

Eise Buttik offréiert iech eng grouss Auswiel u Modestoffer fir Kleeder ze bitzen. Dir kënnt bei eis am Geschäft alles kafe fir ären nächste Bitzprojet, loosst iech beroden vum Winny, Nadine oder Line a fannt de perfekte Stoff fir äert nächst Kleedungsstéck sieft et fir eng Box, Bluse, Pullover oder ee Mantel.

Eise Choix limitéiert sech net nëmmen op Kleederstoff fir Dammen an Hären, mir hunn och eng kléng Kollektioun mat Kannerstoff.

Dir bitzt léiwer Poschen? Keen Probleem, mir hunn eng Serie un Imitatleeder, Kork oder Canvas an eisem Rayon. Net ze vergiessen fannt dir och d’Accessoire fir är nächst Posch wéi Gurtband, D-Ringe, Endlostiretten etc. bei eis 🙂

Maschinne

Natierlech ginn et bei eis och Bitzmaschinne, Overlocks, Coverlocks an Stéckmaschinne ze kafen!

Liest hei méi …

"Do It Yourself"

Eis ass d’Ëmwelt wichteg, dofir fannt dir och eng Rei Stoffer mat GOTS, Oekotex, BIO-Certificat oder souguer Made in Europe an eisem Sortiment. Eist Motto: “Do it yourself!”. Wat ee selwer bitzt kann ee mat guddem Gewëssen Droen ouni ze fäerten dass Leit an schlechten Aarbechtsbedingungen oder souguer Kanner dofir hu misse schaffen.

Mercerie

Zousätzlech fannt dir och nach eng grouss Auswiel un aneren Artikel fir äert Bitzzemmer. Vun der Stoffschéier, d’Nähseid, d’Vlieseline, iwwert Tirette, Gurtband a Paspelbänner bis zu de Knäpp ass alles dobäi.

Schnittmuster

Mir hun och Schnittmuster vun folgenden Marken:

  • Maison Fauve
  • Fibre Mood (mat passendem Stoff)
  • Schnittmuster Berlin
  • Burda
  • Coralie Bijasson

Bilder Galerie

Entdeckt déi läscht Arrivée

All Woch kréie mir nei Stoffer eran, hei fannt dir déi aktuellste Stoffer.

Location

79 avenue de la Gare 9233 Diekirch

Opening Hours