Näh-Workshops

Bitzworkshops fir Ufänger

Dir kennt nach net bitzen?

Dann sidd dir hei richteg!

Mir bidden Bitzworkshops fir bluddegen Ufänger an enger flotter Atmosphär an klengen DUO Gruppen un (Max. 2 Pers).

Workshops

Bitzführerschein

Packt ären Bitzführerschein an nëmmen enger Stonn!

Available dates:

Mëttwoch den 16. September (Ausgebucht)

Dënschdeg den 22. September (Ausgebucht)

Mëttwoch den 23. September (Ausgebucht)

Jeweils vun 11h-12h (60 minuten)

Preis: 30€ (Alles Inklusiv)

Details

Am dësem Workshop léiert dir d’Basics vum Bitzen. Dir macht also ären Bitzführerschein!

Dir léiert:

  • Eng Bitzmaschin afädelen
  • Eng Bobinn opwéckelen
  • Basisstëch op der Bitzmaschinn
  • Knapplach machen mat der Maschinn

Fir dëse Workshop braucht dir naischt mat ze bréngen, Bitzmaschinne an Material gin iech gestallt. Um Schluss vum Workshop huelt dir ären Bitzführerschein mat heem.

Dir bréngt just gutt Laun mat 🙂

Niveau:

  • Bluddegen Ufänger ab 10Joer: Kéng Bitzkenntnisser néideg.

Set de Table

Bitzführerschein gepackt? Dir sidd prett fir ären eichten Projet!

Available dates:

Dënschdeg den 22. September (Ausgebucht)

Mëttwoch den 23. September (Ausgebucht)

Jeweils vun 14-15h (60minuten)

Preis: 45€ (Alles Inklusiv)

Details

Am dësem Workshop macht dir 1 Dëschset.

Dir léiert:

  • Ufanksnotiounen vum bitzen
  • Riecht bitzen
  • Ecker korrekt bitzen
  • Mat Volumenvlies schaffen

Fir dëse Workshop braucht dir naischt mat ze bréngen, Bitzmaschinne an Material gin iech gestallt. Um Schluss vum Workshop huelt dir ären färdechen Dëschset mat heem.

Dir bréngt just gutt Laun mat 🙂

Niveau:

  • Ufänger ab 10 Joer: Optimal wann dir ären Bitzführerschein huet.

Umeldung

ODER

Via e-mail: winny@bitzakaffihaus.lu