Tufting-Workshops

Tufting in Luxembourg? Good idea!

We offer Tufting Workshops in our little store in Diekrich! In a short 4.5 hours you can tuft your own rug with your own design. Be creative and choose either an Example from Example Book or draw your own design!

Tuft your own design!

Tufting Workshops

Entdeckt d’Textilkonscht an kreéiert äert Motiv als Teppech oder als Wanddeko. Léiert net nëmme mat der Tuftgun schaffen, mee och déi weider Etappen bis zum fäerdegen eenzegaartegem Teppech.
An just engem Moien leiert dir al d’Basiskenntnisser vum Tuften an gitt dir Mettes heem mat ärem Entworf.

Fir ween?

Jiddereen ab 16 Joer dee kierperlech Fit ass* kann sech umellen.

Fir ee 50x50cm Tufting Workshop braucht dir keng Virkenntnesser. De 70x70cm Tufting Workshop rode mir iech u wann dir schonn eng Kéier mat der Tufting gun geschafft huet.
*Fir ze tuften muss wärend ongeféier 1-2h d’gun ugehal ginn (1.35kg) am Stoen, déi restlech Etappen kënnen am Setzen gemaach ginn.

Available dates:

Donneschdeg, den 28. Mee (Ausgebucht)

Freideg, den 12. Juni (Ausgebucht)

Donneschdeg, den 23. Juli (Ausgebucht) 

Freideg, den 24. Juli (1 Platz frai) (Schoulvakanz)

Freideg, den 11. September (4 Platzen frai) (Schoulvakanz)
Freideg, den 9. Oktober (4 Platzen frai)

Jeweils vun 9 Auer bis 13.30 Auer oder 14 Auer

Prais: Jee no Workshop Typ (siehe unten)

 

Dir sidd zu 4? Kontakteiert eis gären fir een Datum ze fannen 🙂

Workshop Types

Tuft your Design

Däin ganz individuellen design als Teppech.

  • Choix vun eegenen Design
  •  Begleedung bei all Etapp vun A bis Z.
  • Léier mat der Tuftgun schaffen
  • Kléng Gruppen (max 4)
  • Däin eegene getuften Teppech mat Heem huelen

50 x 50cm (4,5h)

Fir Ufänger gëeegent. Tuft ären eegenen Design

50x50cm : 180€ alles Inklusive (Ufänger) (inkl. Material a Gedrénks)

70 x 70cm (4,5h -5h)

Dir huet schonn eng Kéier getuft? Dann ass de 70x70cm perfekt fir iech.

70x70cm : 215€ alles Inklusive (inkl. Material an Gedrénks)

Viraussetzung 70x70cm: dir huet schon eng Kéier getuft

3D Design

Däin ganz individuellen design als Teppech.

  • variéiert mat 2 verschidden Héichten
  • Ären Teppech mat flotten 3D Effekt
  • Choix vun eegenen Design
  •  Begleedung bei all Etapp vun A bis Z.
  • Perséinlech Begleedung am ganze Workshop
  • Kléng Gruppen (max 4)
  • Däin eegene getuften Teppech mat Heem huelen

50 x 50cm (4,5h)

50x50cm :225€ alles Inklusive (Ufänger) (inkl. Material a Gedrénks)

70 x 70cm (4,5h -5h)

70x70cm : 265€ alles Inklusive (inkl. Material an Gedrénks)

"2 on 1" Design

1 Design – 2 Persounen – gemeinsame Spaass (4,5h)

Perfekt fir jiddereen deen am Teamwork ee Projet realiséiere well. Schafft gemeinsam un engem Design an enger grousser Rumm (70x70cm)

Ideal fir Kand (Min. 12Joer) a Mamm/Papp oder fir Koppelen.

  • Choix vun eegenen Design
  •  Begleedung bei all Etapp vu A bis Z.
  • Perséinlech Begleedung am ganze Workshop
  • Kléng Gruppen (max 4)
  • Äre gemeinsam getuften Teppech mat Heem huelen

70x70cm : 250€ alles Inklusive fir 2 Persounen

Umeldung

ODER

Via e-mail: winny@bitzakaffihaus.lu

No der Umeldung

  1. Mir kontaktéieren iech innerhalb vun 48h fir är Umeldung ze bestätegen.
  2. Dir bezuelt een Acompte deen är Umeldung definitiv mecht.
  3. No Receptioun vum Acompte confirméiere mir iech är Umeldung an ginn iech nach eventuell zousätzlech Informatiounen.
  4. Iwwerleet iech ären Entworf oder wielt den Dag selwer aus engem vun eisen Beispiller.
  5. Workshop time 🙂

Choose your design

Der Kreativitéit sin keng Grenzen gestallt, zeechent ären design selwer, inspiréiert iech vun eisen Beispiller oder wielt een Design vun Pinterest.

Hëllef beim erauswielen:

  • Wielt een einfachen Design ouni ze vill kléng Detailer.
  • Wielt eppes an Form vun Comic (kéng Fotoen als Virlag).
  • Buschtawen am beschten vermeiden oder just am ganz groussen Design.

Falls dir iech net sëcher sidd frot eis gären am Viraus, oder schéckt eis är Iddi!

Am Workshop kann ären Design mat Hëllef vun engem Beamer affichéiert gi, domat kënnt dir dann ären Design op är Toile zeechnen.

Follgend Faarwen stinn iech zur Verfügung: